GLÄICHSPILL GÉNGT COLMER-BIERG


07 August 2022

Am Kader vum Tournoi Nico Lutgen zu Schieren huet eis éischt Ekipp géngt Colmer-Bierg 1:1 gläichgespillt.
 
Déi Blo-Wäiss ware matt engem 0:1-Réckstand an d'Paus gaang, duerno huet den Harun Mehanovic den Ausgläich markéiert. Well e Gewënner huet missen ermëttelt ginn, goufen uschléissend Elefmeter geschoss. Hei hunn eis Jongen leider de Kierzeren gezunn.

E Mëttwoch, 10.August steet e weideren Trainingsmatch zu Gréiwemaacher um Programm. Ustouss ass ëm 20 Auer.