GLÄICHSPILL GÉNGT LËNTGEN


23 July 2021

Eis éischt Ekipp huet gëscht Owend an hirem zweete Preparatiounsmatch fir déi nei Saison géngt Lëntgen 2:2 gläichgespillt.

De Petar Perkovic an de Yan Falkner haten eis Jongen fréizäiteg matt 2:0 a Féirung bruet.

Duerch en Elefmeter konnt Lëntgen virun der Paus verkierzen, an der zweeter Halschend hunn d'Visiteuren den Ausgläich markéiert.

EKIPP FC IZEG: Sprunck (46.' Karray), Almeida, Marques (50.' Merino), Tacchi (75.' Faria), Jacinto, Makhloufi, Matteagi (65.' Van Nugteren), Mehanovic (46.' Dos Reis), Boutarene (52.' Y.Cillien), Falkner (46.' Goncalves), Perkovic (70.' Kemelharen)

Den nächsten Testmatch ass e Sondeg, de 25. Juli géngt Dikrech. Ustouss ass ëm 16.00 Auer zu Izeg um synthetëschen Terrain.