GUDD MATTGEHAL


02 October 2022

Eis éischt Ekipp huet sech an der 1/32-Finall vun der Coupe de Luxembourg éierbar aus der Affär gezunn. Géngt d’Union Titus Péiteng gouf et um Enn eng 0:2 (0:1)-Nidderlag.

 

D’Goler fir den Tabellen-Néngten aus der BGL Ligue sinn an der 23.’ resp. 78.Minutt gefall.

 

Zumols an der zweeter Halschend waren déi Blo-Wäiss, déi dem Favorit matt enger konzentréierter Leeschtung iwwer wäit Strecken vum Match d’Liewen schwéier gemaach hunn, dem Ausgläich e puer Mol no komm. Kuerz no der Paus hat ënner Anerem e Kappball vum Samy Sebaa säin Ziel nëmmen knapp verfeelt.

 

Nom zweete Péitenger Gol war dunn awer d’Loft eraus, trotz allem mecht d’Leeschtung vun eise Jongen Hoffnung fir déi nächst Aufgaben am Championnat.

 

EKIPP FC IZEG: Karray, Almeida, Lima, Falkner, Myre, Jacinto, Perrey (83.’ Dos Reis), Faria, H.Mehanovic, Sebaa (75.’ B.Mehanovic), Maury (69.’ Costa)

E Sondeg, den 09.Oktober steet den nächste Championnatsmatch doheem géngt Bartreng um Programm. Ustouss ass dann schonn ëm 15 Auer.