HAUT VIRUN 9 JOER...


06 June 2021

Am Géigesaatz zu dene Jore virdrun hat sech zimlech séier ofgezeechent, dass den FC Blo-Wäiss Izeg an der Saison 2011/12 näischt mam Ofstiegskampf wäert ze dinn hunn. D'Ekipp vum Trainer Luc Muller a sengem Co-Trainer Mike Varnier, déi aus enger gesonder Mëschung aus erfuerene Spiller an Izeger Nowuesstalenter bestanen huet, huet eng ganz zefriddestellend Saison gespillt.

Matt e bësse méi Bëss zum Schluss hätt souguer nach méi kënnen eraussprangen, spréch eng Barrage-Plaatz fir den Opstieg. Trotz allem sollt déi 4. Plaatz eng ganz gutt Leeschtung an e groussen Opschwong par Rapport zu deene Jore virdru bedeiten, soudass déi gutt Nowuessarbecht ugefaangen huet, hir Friichten ze droen.

Mee dunn...!!! Nodeem ganz iwwerraschend d'Noricht koum, dass de Fusiounsveräin vu Fluessweiler/Beyren sech opgeléist hätt, ass eng zousätzlech Plaatz an der 1. Divisioun fräi ginn, soudass de gléckleche Gewënner huet missen an engem Barragematch ermëttelt ginn.

Sou koum et de 6. Juni 2012 zu Mäerzeg zum Entscheedungsmatch tëscht Izeg a Wëntger. Opgrond vun enger fantastëscher Leeschtung hunn d'Izeger Jongen duerch e verdéngten 3:1 viru 604 Payant'en déi "Orange" vu Wëntger zréck an d'Éislek geschéckt.

D’Goler fir Izeg goungen op de Kont vum Dylan Pinheiro (6.'), Robert Carthy (17.') a Joé Mootz (79.') Tëschenduerch konnt Wëntger op 2:1 verkierzen (50.‘). Domatt haten eis Jongen d'Konschtstéck fäerdeg bruecht, dach nach an d'1. Divisioun opzesteigen.

D'Euphorie bei de blo-wäisse Supporter, déi matt zwee Bussen op Mäerzeg gefuer waren a während 90 Minutten hir Ekipp frenetësch ugefeiert hunn, huet natierlech keng Grenze méi kannt, an et gouf zesumme matt de Spiller bis spéit an d'Nuecht gefeiert.

Kader vun der Opstiegs-Ekipp 2011/12:

Lecio Alexandre Dos Santos, Dylan Almeida, Alain Bliss, Yves Block, Frank Braun, Robert Carthy, Gil Coimbra Farto, Helcio Conegundes, Luis Da Luz Lima, Tom Davito, Daniel De Oliveira Leite, Nadilson Dos Santos, Vitor Duarte Cunha, Charles Etonde, Miguel Felgueiras Da Costa, Chris Felten, Patrick Fergé, Maikel Gomes De Carvalho, Joao Gomes De Oliveira, Helder Goncalves Silva, Leandro Lavinas Mendonca, Kevin Monteiro Ramos, Sergio Monteiro, Joe Mootz, Ailton Oliveira Costa, Anderson Oliveira Costa, Dylan Pinheiro Pinto, Mike Ribeiro Costa, Carlos Rodrigues Sacras, Sam Rumé, Alex Santos Varela, David Schmidt

Trainer: Luc Muller / Mike Varnier