HEEMMATCH GÉNGT WËNTGER


15 May 2021

Haut den Owend spillt eis éischt Dammenekipp hiren zweetleschten Heemmatch vun der Saison géngt den Tabellenaachten Wëntger. Ustouss ass ëm 19.00 Auer zu Zéisseng.

Nodeem dat neit Covid-Gesetz gëschter an der Chamber gestëmmt gouf, gëllen déi nei Mesuren eréischt vu muer Sondeg, 16.Mee un. Deemno sinn och haut den Owend zu Zéisseng nach keng Zuschauer zougelooss.

#ICC