INDOOR-CHAMPIONNAT 2021-2022


18 December 2021

No de Feierdeeg ginn am Ganzen véier Jugendkategorien souwéi d'Dammen am Indoor-Championnat 2021-2022 gefuedert. Iwwerdeems d'Pupilles an d'Poussins den éischten Tour schonn hannert sech hunn, starten d'Minimes, d'Jeunes Filles an d'Dammen eréischt am neie Joer an d'Kompetitioun.
 
Fir eis Pupilles a Poussins war et am éischten Ulaf net duergaang, fir sech direkt fir den nächsten Tour ze qualifizéieren. Et besteet awer d'Méiglechkeet, dat iwert de Repêchage nozehuelen.
 
+++ KATEGORIEN AM IWWERBLÉCK +++
 
Samschdeg, 08.Januar ëm 09.00 Auer
Pupilles - Repêchage*
Sportshal Kielen
Ekippen: Sandweiler, Märel, Mertert/Waasserbëlleg, Kielen, Izeg
Déi zwee Éischt qualifizéieren sech fir den 2.Tour.
 
Samschdeg, 08.Januar ëm 09.00 Auer
Poussins - Repêchage*
Sportshal Steesel
Ekippen: Gréiwemaacher, Iechternach, Sandweiler, Steesel, Izeg
Déi zwee Éischt qualifizéieren sech fir den 2.Tour.
 
Sondeg, 09.Januar ëm 09.00 Auer
Minimes - 1.Tour*
Sportshal Stroossen
Ekippen: Ent.Biwer/Berbuerg, Mertert/Waasserbëlleg, Ent.Syrdall, Cebra, Stroossen, Izeg
Den Éischten qualifizéiert sech direkt fir den 2.Tour, déi Aner spillen all de Repêchage.
 
Samschdeg, 15.Januar ëm 09.00 Auer
Dames - 1.Tour*
Sportshal Fréiseng
Ekippen: Mamer, Ent.Rouspert/USBC, Red Black Egalité, Rëmeleng, Ent.Uespelt/URB, Ent.Izeg/Cebra
Déi dräi Éischt qualifizéieren sech fir den 2.Tour, déi Aner sinn all eliminéiert.
 
Sondeg, 16.Januar ëm 09.00 Auer
Jeunes Filles - 1.Tour*
Sportshal Minsbech
Ekippen: RFCUL, Kielen, Ent.Wuermer/M./G., Izeg
Déi dräi Éischt qualifizéieren sech fir den 2.Tour, déi Aner sinn all eliminéiert.
 
*) déi detailléiert Spillpläng stinn an der Annexe als Download zur Verfügung
 

pupilles - repechage-1-1.pdf

poussins - repechage-1.pdf

minimes - 1er tour-1.pdf

jeunes filles - 1er tour.pdf

dames - 1er tour.pdf