KEE GEWËNNER AM VERFOLGERDUELL


20 February 2021

Am Spëtzematch vum 10.Spilldag an der Ligue 1 huet eis éischt Dammenekipp mam Tabellenzweeten Jonglënster 1:1 gläichgespillt.

D'Entente Izeg/Cebra huet sech de Punkt duerch hire groussen Asaatz, ganz besonnësch an der zweeter Halbzeit, verdéngt. Jonglënster war no 25 Minutten matt 1:0 a Féirung gaang an konnt dëse Virsprong matt an d'Paus huelen. Och nom Säitewiessel war et e spannende Match, woubei awer keng vun den zwou Ekippen sech konnt gudd Golchancen erausspillen.

Eng knapp Véirelstonn no senger Awiesslung huet d'Shirin Gregorius an der 86.Minutt am Duell matt der Jonglënster Golkeeperin bis zum Schluss un sech gegleewt an den 1:1-Ausgläich markéiert. Am Klassement falen eis Meedercher ëm eng Positioun op déi véiert Plaatz zréck.

Nächste Weekend muss d'Ekipp vum Trainer Laurent Erlinger beim Tabellen-9. zu Wëntger untrieden.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, Goncalves, Kieffer, Pedrosa, Morgado, Borges, Santos, L.Noesen, Amalou, Cherkane (72.' Gregorius), Graas (35.' K.Noesen)