KENG PUNKTEN GÉNGT DE LEADER


22 April 2021

Eis éischt Dammenekipp huet hiren Nodrosmatch géngt den RFCU Lëtzebuerg matt 1:3 verluer, nodeems et an der Paus 0:2 stoung.

Den Tabellenéischten hat de besseren Start an de Match a konnt schonn an der 8.Minutt resp. an der 16.Minutt fir e komfortablen Virsprong suergen. No enger knapper Stonn koum nees Spannung op, wéi dem Catia Santos den 1:2-Uschlossgol gelongen ass.

An der Schlussphas hunn eis Meedercher nach emol alles probéiert, fir wéinstens 1 Punkt ze retten. Et sollt allerdengs net geléngen, well kuerz fir Schluss huet den RFCUL matt engem weidere Gol den Deckel drop gemaach.

Schonn dëse Samschdeg, de 24.Abrëll geet et weider matt engem Heemmatch géngt Beetebuerg. Gespillt gëtt zu Zéisseng, Ustouss ass ëm 19h00.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, K.Noesen, Goncalves, Morgado, Kettel, Graas, L.Noesen, Pedrosa, Kieffer, Santos, Cherkane
(Reserve: Mangen, Reinertz, Nilles, Sousa, Franc)