KENG PUNKTEN GÉNGT GASPERECH
05 October 2021
Um véierte Spilldag vum Championnat huet eis zweet Ekipp géngt Gasperech matt 1:4 (0:1) de Kierzere gezunn.
Den tëschenzäitlechen Uschlossgol fir den 1:3 huet de Max Neu an der 81.Minutt geschoss. Kuerz no der Paus (52.') war den Dani Simoes matt giel-rout vum Terrain gesat ginn.
EKIPP FC IZEG: Sprunck, Simoes, Kona, Couto (46.' Van Nugteren), Manzoni, Faria, Rocha, Makhloufi (80.' Denauw), Kemelharen, Neu, Gruhonjic (70.' Ziebart)
Nächste Freideg, den 8.Oktober spillen déi Blo-Wäiss hiren nächsten Championnatsmatch ëm 20 Auer zu Kënzeg.