KENG PUNKTEN UM VERLUEREKASCHT

KENG PUNKTEN UM VERLUEREKASCHT

Eis éischt Dammenekipp huet um 5.Spilldag vum Championnat hir éischt Nidderlag fir dës Saison missen astiechen. Doduerch falen eis Meedercher am Klassement op déi 5.Plaatz zréck.

Am Topmatch beim Tabellenzweeten RFCUL stoung et um Enn 4:0 fir d'Lokalekipp, déi schonn no 18 Minutten matt 3:0 a Féirung louch. Matt deem Resultat ass et och an d'Paus gaang, ier de Fusiounsveräin an der 62.Minutt e weidere Gol markéiert huet.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, Correia, Kieffer, Morgado, Goncalves, Pereira, Amalou, Noesen, Leite, Cherkane, Franc (Reserve: Durabile, J.Silva, G.Silva)