KENG PUNKTEN ZU BEETEBUERG


22 November 2020

Eis éischt Dammenekipp huet sech bei der Reprise vum Championnat missen matt 1:3 zu Beetebuerg geschloë ginn. An der Paus stoung et 2:1 fir d'Lokalekipp.

Nom éischte Beetebuerger Gol (24.') hunn eis Meedercher déi richteg Reaktioun gewisen a konnten duerch en Elefmeter vum Catia Matos an der 38.' ausgläichen.

Kuerz virun der Paus ass Beetebuerg awer nees a Féirung gaang (44.') an huet de Match no enger Stonn definitif fir sech entscheed.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, Correia, Silva, Kieffer, Goncalves, Morgado, Matos, Noesen, Amalou, Graas, Leite (Reserve: Cherkane, Durabile, Cardoso)