KENG PUNKTEN ZU TÉITENG


25 April 2022

Eis éischt Ekipp ass um 26.Spilldag bei der Union Käl-Téiteng eidel ausgaang. Duerch zwee Goler no der Paus (54.' an 71.') konnt d'Lokalekipp sech matt 2:0 duerchsetzen.
 
Am Klassement hunn déi Blo-Wäiss elo nach 7 Punkten Avance op d'Ofstiegsplaatzen, et muss also weider geziddert ginn.
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Almeida, Jacinto, Costa, Dos Reis, Boutarene, Y.Cillien, Faria, Makhloufi, H.Mehanovic, B.Mehanovic
Reserve: Karray, Kona, Jung, J.Cillien, Gales

Nächste Freideg, den 29.Abrëll steet en Heemmatch géngt Suessem um Programm. Ustouss ass ëm 20 Auer um Stade Albert Kongs zu Izeg.