KENG PUNKTEN ZU WËNTGER


27 February 2021

Um 11.Spilldag huet d'Entente Izeg/Cebra hir éischt Nidderlag an dësem Joer kasséiert. Zu Wëntger stoung et um Enn 2:1 fir d'Lokalekipp, déi matt engem 1:0-Virsprong an d'Paus gaang war.

No Goler an der 10. resp. an der 79.Minutt louch Wëntger bis kuerz viru Schluss matt 2:0 a Féirung. An der 88.Minutt huet d'Sara Borges per Handelefmeter nach den Uschlossgol geschoss, fir méi sollt et awer leider net méi duergoen.

Am Klassement fällt d'Ekipp vum Trainer Laurent Erlinger op déi 6.Plaatz zréck. Nächste Samschdeg, de 6.Mäerz trëtt d'Entente Izeg/Cebra géngt den Tabellenzweeten Mamer un.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Pedrosa, Goncalves, Kieffer (56.' Mangen), K.Noesen, Morgado, Borges, Santos, L.Noesen, Amalou, Cherkane, Graas (46.' Gregorius)