LESCHTEN HEEMMATCH


29 May 2021

Haut den Owend spillen eis Dammen hire leschten Heemmatch vun der Saison 2020/21. Géigner ass d'Entente Wuermer/Minsbech/Gréiwemaacher, déi momentan zwee Punkten manner wéi eis Meedercher um Kont huet.

Den aktuellen Tabelle-Sechsten huet an de Retourmatcher bis elo 25 vun 33 méigleche Punkte gesammelt, an ass domatt drëttbescht Réckronnenekipp. Déi eenzeg Nidderlagen gouf et géngt de Racing (1:3) a Jonglënster (0:1), iwerdeems géngt Beetebuerg konnt matt 2:1 gewonn ginn.

Ustouss um Stade Boy Konen zu Zéisseng ass ëm 19.00 Auer.

Nodeems zënter kuerzem nees Zuschauer zougelooss sinn, gëllt et opgrond vun der aktueller Situatioun selbstverständlech och weiderhinn, sech un déi bekannten COVID-19-Mesuren ze halen.

#netOuniMengMask