MATCHDAY - VERFOLGERDUELL ZU BEETEBUERG


21 November 2020

Haut den Owend trëtt eis éischt Dammenekipp fir de Kont vum 7.Spilldag an der Ligue 1 zu Beetebuerg un.

No enger Ënnerbriechung vu fënnef Wochen geet et fir béid Ekippen drëm, den Uschloss no uewen net ze verléieren. Souwuel Beetebuerg als Tabellesechsten, wéi och d'Entente Izeg/Cebra op der 5.Plaatz hu bis elo 12 Punkte gesammelt. Eis Meedercher hunn allerdengs ee Match manner gespillt.

Ustouss um Stade Municipal zu Beetebuerg ass ëm 19.00 Auer. Opgrond vun der aktueller Situatioun sinn och weiderhinn d'Covid-19-Regelen ze respektéieren an anzehalen.

#netOuniMengMask