MÉIGLECH REPRISE VUM CHAMPIONNAT


02 February 2021

Nodeems d'Lëtzebuerger Regierung viru Kuerzem hir sanitär Mesuren am Kader vun der Coronapandemie bis den 21.Februar verlängert hat, stoung och fest, dass, matt Ausnahm vun den ieweschten Divisiounen (Ligue 1 bei den Dammen an BGL Ligue bei den Hären, déi vum nächste Weekend un nees am Asaatz sinn) d'Championnatsmatcher net virun Mëtt Mäerz wäerte fortgesat ginn.

Doduerch sollen d'Veräiner och d'Geléenheet kréien, sech sougudd wéi méiglech op eng eventuell Reprise ze preparéieren. Am Laf vun der leschter Woch hunn Memberen vum Conseil d'Administration vun der FLF matt de Veräiner iwert d'Suite vum Championnat diskutéiert. Dobei huet di grouss Majoritéit vun de Klibb sech fir eng Fortsetzung vun der Saison ausgeschwat.

Weider Informatiounen säitens der FLF ginn fir Mëtt Februar erwaart, wann matt neien Decisiounen vun der Regierung ze rechnen ass.