MIR GRATULÉIEREN FIR DE 95. GEBUERTSDAG!


23 May 2021

Den FC Blo-Wäiss Izeg ass houfreg, fir haut sengem laangjährege Spiller, Comitésmember, heitegen Éirecomitésmember an treie Supporter Henri Lanter fir säi 95.Gebuertsdag kënnen ze gratuléieren.
 
Den Heng ass den 23.Mee 1926, also 15 Joer virun der Grënnung vum FC Blo-Wäiss op d'Welt komm, an huet d'Geschicht vum Izeger Futtball entscheedend mattgeprägt.
 
Mir wënschen dem Henri Lanter vun dëser Plaatz aus alles erdenklech Guddes fir säin Éirendag, an dass hien och weiderhin bei beschter Gesondheet bleiwt!