NEI USTOUSSZÄITEN
28 September 2022
D'Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet decidéiert, vum iwwernächste Weekend un d'Ustousszäit vun den Éischt-Ekipps-Matcher (Seniors 1) ëm eng Stonn op 15 Auer virzeverléen.
Dës Moossnahm ass deemno vum 9.Oktober un bis op Weideres gülteg. Domatt wëllt d'FLF e Beitrag dozou leeschten, dass d'Veräiner an Zukunft hire Stroumverbrauch kënne reduzéieren.