NEIE PROGRAMM FIR EIS DAMMEN


09 November 2020

Nodems d'FLF schonn ugekënnegt haat, dass dëst Joer just nach an den iewëschten Divisiounen (BGL Ligue bei den Hären, Ligue 1 bei den Dammen) gespillt gëtt, gouf haut den neie Programm publizéiert.

Vum 21.November bis de Weekend virun de Feierdeeg sollen an der Ligue 1 bei den Dammen nach 4 Spilldeeg absolvéiert ginn, ier et dann an eng kuerz Wanterpaus geet (-> Kalenner an der Annexe). D'Reprise vum Championnat ass fir den 9.Januar 2021 geplangt.

Fir d'Meedercher vun der Entente Izeg/Cebra geet et demno a knapp zwou Wochen matt engem Auswäertsmatch zu Beetebuerg weider.

PROGRAMM AM DETAIL:

Samschdeg, 21.11.: Beetebuerg - Entente Izeg/Cebra
Samschdeg, 05.12.: Entente Izeg/Cebra - Fola Esch
Samschdeg, 12.12.: Dikkrech - Entente Izeg/Cebra
Samschdeg, 19.12.: Entente Izeg/Cebra - Jonglënster

calendrier-dames-2020-2021.pdf