NIDDERLAG AN DER NOSPILLZÄIT

NIDDERLAG AN DER NOSPILLZÄIT

Um véierte Spilldag huet eis éischt Ekipp bei der Union Käl-Téiteng matt 1:2 (1:0) verluer. Den entscheedenden zweete Gol fir d'Lokalekipp ass an der zweeter Minutt vun der Nospillzäit duerch en Elefmeter gefall.
 
Déi Blo-Wäiss waren an der éischter Halschend duerch den Alex Faria a Féirung gaang, déi Käl-Téiteng kuerz no der Paus (53.') konnt ausgläichen.

EKIPP FC IZEG: Chenard, Almeida, Wagener, Falkner, Myre, Dos Reis, Faria (67.' H.Mehanovic), Perrey, Sebaa (75.' Goncalves), Maury (63.' Costa), Gollette

Nächste Sondeg, den 18.September steet den nächste Championnatsmatch géngt den Tabellenzweeten Cebra um Programm. Ustouss um Stade Albert Kongs zu Izeg ass ëm 16 Auer.