NIDDERLAG BEIM LEADER


22 October 2022

Um sechste Spilldag hunn eis Senior Reserven beim Tabellenéischten zu Bieles matt 0:3 (0:1) de Kierzeren gezunn.

Allerdengs gëtt d'Resultat de Spillverlaf net erëm. Iwerdeems d'Lokalekipp onmëttelbar virun der Paus no engem Konter a Féirung gaang ass, konnten eis Jongen nom Säitewiessel eng Rei gudd Chancen net notzen.

Bieles war an däer Hinsicht méi konsequent an huet sech um Enn zimlech däitlech duerchgesat.

Zu allem Iwerfloss huet sech eise Spiller Nicolas Pam schonn no enger Véirelstonn schwéier um Knéi blesséiert an huet missen matt der Ambulanz an d'Klinik gefouert ginn. Dem Nico vun dëser Plaatz eng gudd a séier Besserung!
 
EKIPP FC IZEG: Neves, Denauw, Fernandes, Tacchi, Ribeiro, Cillien, Rocha, Pam, Ziebart, Manzoni, Music
Reserve: Neu, Coimbra
 
Nächste Weekend stinn d'Matcher vun der 1/16-Finall an der Coupe fir Senior Reserven um Programm. Méindes, den 31.Oktober ëm 20 Auer mussen déi Blo-Wäiss beim FC Wolz 71 untrieden.