NIDDERLAG GÉNGT CEBRA


06 August 2021

Am zweeten Ausscheedungsmatch vun der Coupe vum 80.Anniversaire vum FC Blo-Wäiss Izeg huet eis éischt Ekipp géngt Cebra matt 2:3 (1:1) de Kierzeren gezunn.

No der fréier Féirung fir d'Visiteuren (8.') konnt de Yan Falkner an der 17.Minutt ausgläichen an Izeg no der Paus tëschenzäitlech matt 2:1 a Féirung brengen (59.'). Um Enn hunn d'Visiteuren de Match an der 61. resp. 70.Minutt awer nach zu hire Gonschten gedréit.

EKIPP FC IZEG:
Chenard, Y.Cillien, Van Nugteren (46.' Merino), Tacchi, Kona (46.' Jacinto), Dos Reis (84.' Cornes), Mehanovic (73.' J.Cillien), Makhloufi (58.' Da Costa), Kemelharen (65.' Neu), Perkovic (83.' Marques), Falkner (77.' Laffut)

E Sondeg ëm 15 Auer spillen déi Blo-Wäiss am Match fir d'Plaatzen 3 a 4 géngt Bieles. An der Finall kënnt et ëm 17 Auer zum Duell tëschend Cebra a Sandweiler.