NIDDERLAG GÉNGT MAMER


23 January 2022

Eis éischt Ekipp huet hiren zweete Preparatiounsmatch géngt Mamer matt 1:4 verluer, an der Paus stoung et 0:2 zugonschte vun de Visiteuren.

An der zweeter Halbzeit hat de Zidane dos Reis tëschenduerch op 1:2 verkierzt.
 
Den nächsten Testmatch ass e Samschdeg, den 29.Januar ëm 16 Auer zu Izeg géngt d'U19 vun Hesper.

#fci1941