NOM DERBY ASS VIRUM DERBY


17 October 2020

Nom Duell tëschend den Hären vun Izeg an Hesper gëscht Owend um Hollëschbierg steet och bei den Dammen en Derby um Programm.

An der Ligue 1 spillt d'Entente Izeg/Cebra haut den Owend bei de Meedercher vum Swift, déi no 5 Spilldeeg nach kee Punkt um Kont hunn. Ustouss um synthetëschen Terrain zu Hesper ass ëm 19.30 Auer.

Iwerdeems trëtt eis zweet Ekipp am Kader vum 5.Spilldag an der Ligue 2 ëm 19.00 Auer zu Izeg géngt Käerjéng un. Am Fall vun enger Victoire giff d'Entente Cebra/Izeg II no Punkten mam aktuellen Tabellenzweeten gläichzéien.