NOMINATIOUN FIR D'LUCIE SCHLIMÉ


07 April 2021

De Championnatsmatch vun eiser éischter Dammenekipp géngt de Racing, deen eigentlech fir nächste Weekend ugesat war, ass, wéi véier weider Partien an der Ligue 1 op e spéideren Datum verluet ginn.

D'Lucie Schlimé, Golkeeperin vun der Entente Izeg/Cebra, gouf fir de Lännermatch vun der Lëtzebuerger Nationalekipp nächste Sondeg, 11.Abrëll ëm 16.00 Auer am Liechtenstein nominéiert. Dofir wëlle mir dem Lucie vun dëser Plaatz aus felicitéieren a wënschen him alles Guddes!