ONGLÉCKLECH NIDDERLAG GÉNGT BÉIWEN


13 October 2021

Eis éischt Ekipp ass am éischten Tour vun der Coupe FLF eliminéiert ginn. Géngt d'US Béiwen, Veräin aus dem éischte Bezirk an der éischter Divisioun, gouf et eng onglécklech Nidderlag am Elefmeterschéissen.
 
Kuerz virun der Paus (39.') hat de Filipe Almeida déi Blo-Wäiss matt 1:0 a Féirung bruet. An der zweeter Halbzeit konnten d'Visiteuren de Match tëschenzäitlech zu hire Gonschten dréien (46.' an 73.'), ier de Yannick Goncalves d'Lokalekipp an der 88.Minutt mam 2:2-Ausgläich an d'Verlängerung gerett huet.
 
Do sollte keng weider Goler falen, sou dass d'Entscheedung an der Lotterie Elefmeterschéissen huet misse falen. Hei hat déi jonk Izeger Ekipp - de Kader vum Trainer Paulo Moura hat an dësem Match eng Moyenne vun 20,75 Joer - leider net déi néideg Chance op hirer Säit fir sech fir hiren Asaatz ze belounen.
 
EKIPP FC IZEG: Falkner, Kona, B.Marques, Almeida, Ribeiro (70.' Jacinto), F.Martins, Van Nugteren (55.' B.Mehanovic), H.Mehanovic, Makhloufi (55.' Faria), Costa, Goncalves

 

E Sondeg, de 17.Oktober steet den nächste Championnatsmatch bei der Union Réimech/Bus um Programm. Ustouss ass ëm 16 Auer um Stade "Op der Millen" zu Réimech.

 

#fci1941