OPTAKT-VICTOIRE GÉNGT SANDWEILER


22 August 2021

Eis éischt Ekipp huet hiren Optaktmatch géngt Sandweiler matt 2:0 fir sech entscheed.

No enger Gedenkminutt fir de verstuerwenen Izeger Éirepresident Jean Haan sinn béid Ekippen an der Ufanksphas kee Risiko agaang. E bëssen onverhofft sinn déi Blo-Wäiss no 21 Minutten duerch de Yan Falkner matt 1:0 a Féirung gaang. An der zweeter Halbzeit huet sech Sandweiler selwer deziméiert - vun der 68.' un waren d'Visiteuren no enger giel-rouder Kaart an Ënnerzuel.

Eréischt kuerz viru Schluss huet d'Lokalekipp duerch den agewiesselten Michaël Gollette op 2:0 erhéicht (82.') an domatt de Sak zougemaach. No enger weiderer giel-rouder Kaart huet Sandweiler de Match matt 9 Spiller fäerdeggespillt.

Alles an allem eng verdéngte Victoire fir d'Ekipp vum Trainer Paulo Moura, déi nächste Sondeg beim FC Red Black-Egalité muss untrieden.

De Ball vum Match gouf haut gesponsert vum Nicolas "Spritz" Primus!

EKIPP FC IZEG: Chenard, Kona (65.' van Nugteren), Almeida, Tacchi, Boutarene, Matteagi, Dos Reis, Makhloufi (46.' Martins), Costa (75.' Gollette), Perkovic, Falkner

#fci1941