OPTAKT VUN DER ENGLESCHER WOCH


06 March 2021

Fir den Optakt vun hirer englëscher Woch, matt dräi Matcher an aacht Deeg, trëtt eis éischt Dammenekipp haut den Owend am Kader vum 12.Spilldag an der Ligue 1 géngt den Tabellenzweeten Mamer un.

D'Ekipp vum Trainer Tiago Pereira huet dës Saison nach kee Match verluer an zënter der Reprise am Februar véier Mol hannerteneen gewonn, ouni dobei e Gol ze kasséieren.

Am Klassement steet d'Entente Izeg/Cebra momentan op der sechster Plaatz a kënnt am Fall vun enger Victoire bis op zwee Punkten u Mamer erukommen.

Ustouss ass haut den Owend ëm 19 Auer zu Zéisseng, Zuschauer sinn och weiderhin keng zougelooss.

Schonn den nächste Mëttwoch steet fir eis Meedercher den Nodrosmatch vum 8.Spilldag géngt d'Escher Fola um Programm. Haut an enger Woch gëtt dann d'Virronn bei der Entente Wuermer/Minsbech/Gréiwemaacher ofgeschloss.

#ICC