OPTIMALE START


06 September 2020

Nom zweete Succès am zweete Match huet eis éischt Ekipp de Maximum vu sechs Punkten um Kont. Géngt Walfer gouf et eng 3:1-Victoire, an der Paus stoung et 1:1.

Kuerz virun der Paus konnt de Yannick Goncalves,(42.') déi fréi Féirung (15.') vun de Visiteuren ausgläichen. Eng Véirelstonn viru Schluss war et eng weider Kéier de Yannick Goncalves, deen de Match géngt e staarke Géigner zu eise Gonschte gedréit huet. An der Nospillzäit huet den agewiesselten Anes Gruhonjic fir den 3:1-Endstand gesuergt.

Op dëser Plaatz wënsche mir nach eisem Spiller Jonny Matteagi, deen sech fréizäiteg an engem Zweekampf um Knéi blesséiert hat a matt der Ambulanz huet missen an d'Klinik gefouert ginn, eng gudd Besserung!

EKIPP FC IZEG:
Chenard, Falkner, Y.Cillien, Tacchi, Boutarene, Schanet, Matteagi (21.' Costa), Perkovic (60.' I.Makhloufi), Gollette, Maury (82.' Gruhonjic), Goncalves