PECH VUM PUNKT


01 March 2023

Fir eis éischt Ekipp war an der Aachtelsfinall vun der Coupe FLF Endstatioun. Géngt Baastenduerf hunn déi Blo-Wäiss am Elefmeterschéissen matt 6:7 (2:2; 0:1) de Kierzere gezunn.
 
Nodeems d’Visiteuren matt engem knappen Avantage aus der 16.Minutt an d’Paus gaang waren, konnt den Noé Rischard an der Schlussphas den 1:1 markéieren (81.‘). Kuerz viru Schluss (90.‘) konnt Baastenduerf eng weider Kéier a Féirung goen, mee an der Nospillzäit huet de Yan Falkner (90.+4.‘) d’Lokalekipp an d’Verlängerung gerett.
 
Hei sollt näischt méi geschéien, sou dass de Gewënner an der Loterie Elefmeterschéissen huet missen ermëttelt ginn.
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Wagener, Falkner, Tacchi, Myre, Ribeiro, Dos Reis, Faria, Marques, Perrey, Rischard (Reserve: Faber, Goncalves, Lima, Reyter)

Nächste Sondeg, 05.Mäerz steet den 19.Spilldag am Championnat um Programm. Ustouss um Stade Boy Konen zu Zéisseng ass schonn ëm 15 Auer.