PROGRAMM VUN DEN DAMMEN


31 July 2021

D'Spillpläng vum Dammechampionnat 2021/22 sinn do!

Eis éischt Ekipp geet och nächst Saison rëm als Entente Izeg/Cebra an der Ligue 1 un den Départ. Neien Trainer ass de Bruno Monteiro, hien gëtt assistéiert vum Chantal Graas. Den éischte Spilldag ass fir samschdes, den 28. August programméiert, lass geet et matt engem Auswäertsmatch zu Dikrech.

Fir d'zweet Ekipp, déi nees an der Ligue 2 untrëtt, steet eng Woch méi spéit (4. September) den Optaktmatch doheem géngt d'Entente Uespelt/URB um Programm. Fir d'Entente Cebra/Izeg II sinn den Domingos Borges an de Fernando da Silva zoustänneg.

D'Spillpläng stinn an der Annexe als Download zur Verfügung!

#ICC

dames-ligue-1_programme-detaille2122.pdf

dames-ligue-2_programme-detaille2122.pdf

spillplang dames 1.jpg

spillplang dames 2.jpg