PROGRAMMÄNNERUNG: MATCH AN DER FIELS OFGESOT


05 August 2022

Nodeem schonn d'Trainingsmatcher vun eiser éischter Ekipp zu Kënzeg a géngt Uespelt net gespillt konnte ginn, ass elo och de Match an der Fiels (muer Samschdeg) ofgesot.
 
Ersatz gouf awer séier fond! Am Kader vum Tournoi Nico Lutgen zu Schieren spillen déi Blo-Wäiss iwwermuer Sondeg, 07.August géngt d'AS Colmer-Bierg. Ustouss ass ëm 16 Auer.

E grousse Merci un den FC Jeunesse Schieren, deen eis dëse Match erméiglecht huet!
 
#ascfci