RAPPEL COVID-19-REGLEMENT


21 August 2020

Opgrond vun der Corona-Pandamie sief op dëser Plaatz nach eng Kéier drun erënnert, dass och weiderhin eng Rei Regelen onbedéngt mussen agehal ginn, fir d'Verbreedung vum Covid-19-Virus anzedämmen.

Mir bieden dowéinst all eis Memberen, Spiller a Supporteren, eis Jugendspiller an hir Elteren, an iwerhaapt jidfereen, deen sech um Site vum FC Blo-Wäiss Izeg ophält, dëst offiziellt Reglement, wat an der Annexe och als Download zur Verfügung steet, ze respektéieren an sech drun ze halen.

Am viraus villmols Merci fir Äer Disziplin an Äer Kooperatioun!

reglement covid19.png