REPRISE VUM CHAMPIONNAT OFGESOT
05 February 2021
No der Ofso vun alle Matcher, déi dëse Weekend am Kader vun der Reprise vum Championnat ugesat waren (-> offizielle Communiqué vun der FLF an der Annexe), steet fest, dass och eis éischt Dammenekipp vun dëser Decisioun betraff ass.
Den Heemmatch vun der Entente Izeg/Cebra géngt d'Fola, dee muer den Owend hätt sollte gespillt ginn, fällt deemno aus a gëtt zu engem spéideren Zäitpunkt nogeholl.
Um Programm bleiwt dogéint den Nodrosmatch vum 4.Spilldag géngt Ell, deen nächste Mëttwoch, den 10. Februar ëm 20h00 zu Zéisseng gespillt soll ginn.
052-2021-02-05.pdf