RESTART FIR DE 7. FEBRUAR GEPLANGT


11 December 2020

D'FLF huet haut mattgedeelt, wéi et matt der Futtballsaison zu Lëtzebuerg soll weidergoen. Deemno ass de Restart vum Championnat bei de Senioren fir de Weekend vum 7. Februar 2021 geplangt (-> Communiqué an der Annexe).

Doriwwer eraus ass, niewent der Coupe FLF, elo och d'Coupe de Luxembourg genausou wéi d'Coupe des Dames ofgesot. Datselwecht gëlt fir sämtlech Barragematcher bei den Dammen a bei den Hären. Dës Moßnahm soll et erméiglechen, dass sämtlech Championnatsmatcher vun der Éirepromotioun bis d'3. Divisioun bis den 30. Juni 2021 kënne fäerdeg gespillt ginn.

Sollt bis deen Datum net op d'mannst d'Halschent vun de Matcher kënne gespillt ginn, gëtt d'Saison annuléiert, an et giff weder Opsteiger nach Ofsteiger ginn. Wann dogéint méi wéi d'Halschent vun de Matcher bis Enn der Saison ka gespillt ginn, gëlt dat lescht Klassement als Schlussklassement.

D'Reprise vum Jugendchampionnat ass de Weekend vum 21. Februar 2021 virgesinn.

informations aux clubs - compétitions nationales 2020-2021-1.pdf