SENIORS 1 - REPRISE VUM TRAINING


16 November 2020

Fir eis éischt Ekipp steet en Dënschdeg, de 24. November d'Reprise vum Training um Programm. Ënner Berücksichtegung vun de Corona-Virschrëften trainéieren d'Spiller vum Trainer Paulo Moura dënschdes, donnëschdes a sondes mueres matt maximal 24 Leit respektiv an 6 Véirer-Gruppen.

Nodeems de Ball elo schonn zënter engem décke Mount net méi gerullt ass, geet et nächst Woch also matt der Preparatioun op d'Suite vum Championnat an der 1.Divisioun lass, déi fir sondes, den 10.Januar 2021 geplangt ass.