SENIORS 2 - SPILLPLANG SAISON 2020/2021


19 August 2020

Nom fréizäitegen Ofbroch vun der Saison 2019/2020, déi eis zweet Ekipp als Tabellenéischten ofgeschloss haat, spillen di Blo-Wäiss demnächst e Stack méi héich. Déi nei Saison am 3.Bezirk vun der 3.Klass fänkt den 13.September un, als Optaktgéigner ass den FC Rodange 91 um Stade Albert Kongs zu Izeg op Besuch. De komplette Programm steet an der Annexe als Download zur Verfügung.

D'Coupe de Luxembourg fir Senior Reserven gëtt nächst Saison aus Termingrënn ausnahmsweis net ausgespillt.

fci seniors 2 2020-21.pdf