SENIORS RESERVES - NET ZE BREMSEN


03 May 2022

Um 19.Spilldag konnt eis zweet Ekipp e weideren Erfolleg feieren. Bei der Entente Déifferdeng/Luna sinn déi Blo-Wäiss matt enger 5:3 (3:0)-Victoire vum Terrain gaang.
 
Domatt hunn eis Jongen an der Réckronn nach all Match gewonn. D'Goler ginn op de Kont vum Noé Rischard (2), Pit Ziebart (2) an Leo Demukaj.
 
EKIPP FC IZEG: Karray, Ribeiro, Blitgen, J.Cillien, Badagnani, Y.Cillien, Demukaj, Manzoni, Ziebart, Jung, Rischard
Reserve: Neu
 
Nächsten Dënschdeg, den 10.Mee trieden déi Blo-Wäiss ëm 20 Auer doheem géngt d'Alliance Äischdall un.