SPÉIT GOLER AM OPTAKTMATCH

Foto vun BS



13 September 2020

Eis éischt Dammenekipp ass matt engem däitlechen Erfolleg géngt d'Entente Rouspert/Bäerdrëf-Konsdrëf/Krëschtnech an déi nei Saison gestart. D'Sania Amalou hat an der 65.Minutt fir d'1:0-Féirung gesuergt. Duerch Goler vum Catia Pereira (79.') a Graziela Silva (87.') an de Schlussminutten gouf et um Enn nach eng kloer 3:0-Victoire.

Leider gouf et während dem Match en onglécklechen Tëschefall, deen zu enger Ënnerbriechung vu ronn 20 Minutte gefouert hat. Eng Spillerin vun der Entente Rouspert war vun engem Ball am Gesicht getraff ginn an huet missen matt Verdacht op Gehirnerschütterung vum Terrain gedroë ginn. Mir wënschen vun dëser Plaatz aus eng gudd Besserung!

Den nächste Match vun der Entente Izeg/Cebra ass samschdes, de 26.September zu Bartreng.

EKIPP ENT.IZEG/CEBRA:
Schlimé, Kieffer, Correia, Cardoso, Morgado, L.Noesen, Amalou, Franc, Leite, Zarnowski, Pereira
(Res.: Goncalves, Cherkane, Silva, Graas)


Manner gudd ass et fir eis zweet Ekipp gelaf. D'Entente Cebra/Izeg II (Foto) huet bei der Union Titus Péiteng matt 0:3 de Kierzere gezunn, nodems d'Lokalekipp an der Paus schonn zwee Goler Virsprong hat.

Weider geet et nächste Weekend matt engem Heemmatch géngt d'Entente Uelzechtdall.

EKIPP ENT.CEBRA/IZEG II:
Besch, Mangen, Dias, Kettel, Mendes, Fischer, Gregorius, Durabile, Giannola, Reinertz, Alves
(Res.: Jesus de Pina, De Sousa, Domenicucci)