TESTMATCH GÉNGT MIEDERNACH


01 August 2021

Am Kader vun der Preparatioun op déi nei Saison spillt eis éischt Ekipp haut en Trainingsmatch beim FC Blo-Wäiss Miedernach, Veräin aus der Éirepromotioun. Ustouss ass ëm 16.00 Auer zu Steeën (Stegen) um synthetëschen Terrain vum Stade Bloen Eck.
 
De Match gëtt ënnert de Konditiounen vum COVID CHECK gefouert. D'Lokalekipp deelt matt, dass de Club selwer keng Schnelltester zur Verfügung stellt. Wien also nach virdrun en Test maache muss, muss dëse selwer mattbréngen a bei der Entrée vum Stade Bloen Eck ënnert Opsiicht maachen.
 
#BWMFCI