TOURNOI DES JEUNES 2021


20 November 2020

Fir den Ofschloss vun der Saison 2020/21 organiséiert den FC Blo-Wäiss Izeg och nächst Joer nees säin traditionnellen Tournoi des Jeunes fir Bambinis, Pupilles, Poussins a Minimes.

Den 12. & 13. Juni 2021 trieden um Stade Albert Kongs am Ganzen 64 Ekippen géngteneen un. An der Hoffnung, nees eng Kéier vill begeeschtert Jugendspiller zu Izeg begréissen ze kënnen, fréen mir eis elo schonn op eng gelongen 18. Editioun vun eisem Tournoi.