TOURNOI DES JEUNES 2021 ANNULÉIERT


15 May 2021

Opgrond vun den aktuellen Ëmstänn a sanitäre Mesuren hunn déi Responsabel vum FC Blo-Wäiss Izeg decidéiert, och dëst Joer hiren traditionnellen Tournoi des Jeunes ze annuléieren.

All de Veräiner, déi sech fir d'Editioun 2021 ugemellt haten, e grousse Merci, a mir hoffen, si alleguer nächst Joer op eisem Jugendturnéier erëmzegesinn!