TOURNOI DES JEUNES 2021 - GRUPPENANDEELUNG

TOURNOI DES JEUNES 2021 - GRUPPENANDEELUNG

Nodeems den traditionnellen Izeger Tournoi des Jeunes lescht Joer der Corona-Pandemie zum Affer gefall war, hoffe mer momentan, dass dëst Joer de Ball nees um Stade Albert Kongs kann rullen.

Gespillt ginn soll samschdes den 12. a sondes den 13.Juni 2021, d'Gruppenandeelung ass scho mol gemaach an d'Spillpläng si prett (-> Annexe).