TRAININGSZÄITEN FIR EIS JUGEND


12 July 2021

De Plang matt den Trainingszäiten fir eis Jugendekippen ass do! Den FC Blo-Wäiss Izeg geet och an der Saison 2021/22 nees an alle Kategorien vun der U7 (Bambinis) bis U19 (Junioren) un den Départ. Doriwwer eraus hëlt och erëm eng Jeunes-filles-Ekipp fir Meedercher vun 10 bis 14 Joer um Championnat deel.

=> den detailléierte Programm steet an der Annexe als Download zur Verfügung!

Detailer wéi d'Koordonnéen vun den Traineren resp. den Zäitpunkt vum Trainingsoptakt an den eenzelne Kategorien ginn zu engem spéideren Zäitpunkt nogereecht. Bis dohinn steet de Jugendkoordinator Joé Meyer (Tel. 621 192 863 resp. eMail joemeyer997@gmail.com) fir eventuell Froen zur Verfügung.

terrain opdeelung 2021-2022-jugend.jpg

terrain opdeelung 2021-2022-jugend.pdf