TRANSFEREN FIR D'SAISON 2021/22


06 August 2021

Fir d'Saison 2021/22 huet deen een oder anere Spiller den FC Blo-Wäiss Izeg verlooss, iwerdeems och eng partie nei Spiller den erweiderte Kader vun eiser éischter Ekipp verstäerken.

Dëst sinn: Filipe Almeida (vun Minsbech), Diogo Couto Alves (Hesper), Zidane Dos Reis Oliveira (US Esch), François Merino (Thionville), Gil Jacinto, Luca Micucci (allebéid RFCUL), Louis Lambert, Max Neu (allebéid Cebra), Bruno Marques Santiago (Déifferdeng), Fabio Martins (Beetebuerg) an Bilal Mehanovic (RM Hamm Benfica).

Net méi am Kader vum Trainer Paulo Moura sinn: Sofiane Haddadi, Farid Makhloufi (allebéid op Stengefort), Joël Kitenge (Schengen), Pierre Maury (JS Audunoise), Sven Rohen (Uespelt) an Alain Schanet (Réimech-Bus).

Och eis Dammen hunn hire Kader vergréissert. Nei bäikomm sinn: Marine Alami, Amandine Burlet, Iwana Odwat, Marine Schmitz, Sylvie Wagner (all Hesper), Claudia de Jesus Tavares, Jessica Lopes, Rafaela Lopes, Cleunice Soares Cardoso (all Fola Esch), Majda Boukellal (Montigny-les-Metz), Marie Maroteaux (Minsbech) an Soraya Martins (Steesel). Neien Trainer vun der Entente Izeg/Cebra ass de Bruno Monteiro.