VÉIERT NIDDERLAG HANNERTENEEN


05 December 2021

Eis éischt Ekipp huet um 14.Spilldag géngt Gréiwemaacher matt 1:3 verluer, nodeem et an der Paus 0:2 stoung.


An enger Phas, wou d'Lokalekipp dem 1:0 e puermol ganz no war, huet Gréiwemaacher an der 21.Minutt vun enger liichtsënneger Izeger Réckpass profitéiert, fir selwer a Féirung ze goen. Kuerz duerno huet den Tabellenéischten nach een dropgesat (29.') an ass matt zwee Goler Virsprong an d'Paus gaang.


Nom Säitewiessel konnt den Dylan Costa op 1:2 verkierzen (50.'), ier den CSG an der 81.Minutt matt sengem drëtte Gol alles kloer gemaach huet.
No der véierter Nidderlag hannerteneen rutscht den FC Blo-Wäiss am Klassement weider no ënnen op déi 11.Plaatz.


EKIPP FC IZEG
: Guerra, Van Nugteren (53.' Jacinto), B.Marques, Almeida, Boutarene, Y.Cillien, H.Mehanovic (72.' Makhloufi), Dos Reis, Costa, Gollette (39.' Goncalves), Tacchi
 


Nächste Sondeg, den 12.Dezember ëm 16 Auer steet de leschte Match virun der Wanterpaus zu Beggen um Programm.