VICTOIRE GÉNGT MIEDERNACH


01 August 2021

No enger spektakulärer leschter halwer Stonn konnt sech eis éischt Ekipp am Testmatch beim Éirepromotiounsclub Miedernach matt 3:2 (0:0) duerchsetzen.
 
An der 58.' hat den agewiesselten Yannick Goncalves dem géignerësche Golkipp, deen ze wäit viru sengem Gol stoung, aus gudd 25 Meter keng Chance gelooss. D'Äntwert vun der Lokalekipp huet awer net laang op sech waarde gelooss. Miedernach konnt kuerz hannerteneen (64.' an 66.') zweemol markéieren a matt 2:1 a Féirung goen.
 
Domatt war dat lescht Wuert awer nach net geschwat. Bannent enger Minutt huet de Yannick Goncalves (83.' an 84.') matt zwee weidere Goler säin Triplé an domatt den Izeger Succès perfekt gemaach.
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Jacinto (46.' Y. Cillien), Almeida, Tacchi, Kona (64.' Merino), Costa (74.' Marques), Dos Reis, Matteagi (46.' Martins), Kemelharen, Falkner (46.' Goncalves), Perkovic (78.' J. Cillien)
 
Den nächsten Trainingsmatch ass e Freideg, de 6. August géngt den FC Cebra 01, dëst am Kader vun der "Coupe du 80ième anniversaire" zu Izeg. Ustouss ass ëm 19.30 Auer um synthetëschen Terrain.