VICTOIRE ZU BARTRENG, KENG PUNKTEN ZU MERTERT


03 October 2021

Eis éischt Dammenekipp konnt sech um fënnefte Spilldag an der Ligue 1 matt 5:0 zu Bartreng duerchsetzen. An der Paus stoung et 1:0 fir eis Meedercher. D'Goler fir d'Entente Izeg/Cebra hunn d'Sania Amalou (3) an d'Aurélie Clerc (2) geschoss.
 
EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA: Schlimé, Pedrosa, K.Noesen, Kieffer (46.' Goncalves), Borges, Morgado (60.' Alami), L.Noesen, Clerc, Amalou, Jessica Lopes (60.' Soares), Boutellaka
 
Samschdes, de 16.Oktober steet en Heemmatch géngt de Racing um Programm. Ustouss ass ëm 19 Auer zu Zéisseng.
 
Fir eis zweet Ekipp gouf et um véierte Spilldag an der Ligue 2 keng Punkten. D'Entente Cebra/Izeg II huet bei der Union Mertert/Waasserbëlleg matt 0:2 (0:1) de Kierzere gezunn.
 
EKIPP ENTENTE CEBRA/IZEG II: Martins, Kettel, Zarnowski, Weis, Schmid, Burlet, Franc, Ferring (59.' Henriques), R.Lopes, Reinertz (80.' da Costa), Gilles (26.' Mendes)
 
Den nächste Match vun der Entente Cebra/Izeg II ass e Samschdeg, de 16.Oktober ëm 19 Auer zu Izeg géngt Käerjéng.
 
#ICC