VIRUN 30 JOER...


27 May 2021

Am Joer vum Cinquantenaire hat den FC Blo-Wäiss Izeg  och um sportleche Plang iwwerzeegt. Um Enn vun enger spannender Saison 1990/91 konnt eis éischt Ekipp um leschte Spilldag den Opstiig an d'éischt Divisoun perfekt maachen.

Um Stade Albert Kongs zu Izeg stounge sech de 25. Mee 1991 d'Formatiounen vum FC Blo-Wäiss Izeg an Duelem géintiwwer. Et huet sech ëm eng Zort Finall gehandelt, well et waren hei den Tabellenzweeten Izeg an den Tabellendrëtten Duelem am direkten Duell openeen getraff. Nëmmen ee vu Béiden konnt d'zweet Plaatz beleeën an domatt e Stack méi héich klammen.

300 Zuschauer haten sech afond fir hir jeeweileg Ekipp unzefeieren an am Endeffekt konnt sech d'Lokalekipp verdéngt mat 2:0 (1:0) géint déi Duelemer duerchsetzen. De Marcel Trierweiler hat d'Ekipp ronderëm de Spiller-Trainer Roger Fandel virun der Paus matt 1:0 a Féierung bruet. An der zweeter Hallschent huet de Pit Repusic de Sak zougemaach, an domatt war den Opstiig an d'éischt Divisioun perfekt. De "Mee-Bal", deen de "Club des Jeunes Izeg" den nemlechten Dag organiséiert hat, koum also ganz geleeën...

KADER VUN DER OPSTIIGS-EKIPP 1990/91:
Serge Arendt, Daniel Aries, Serge Bertemes, Franco Di Vora, Jorge Dos Santos, Roger Fandel, John Kieffer, Paul Kridel, Marc Lellig, Marc Lies, Matteo Massaro, Paul Mockel, Ivica Repusic, Nedo Repusic, Pit Repusic, Marcel Trierweiler, Änder Veltkamp, Fränk Zeimes, Steve Zeimes
Trainer: Roger Fandel

Resultater am Championnat:
- IZEG - Hamm 0:4 an 4:1
- Märel - IZEG 0:2 an 0:2
- IZEG - AS Schëffleng 0:0 an 0:0
- Weiler - IZEG 5:1 an 1:1
- IZEG - Uespelt 5:1 an 2:1
- Racing Rodange - IZEG 0:4 an 0:4
- Beetebuerg - IZEG 0:1 an 1:2
- IZEG - Millebaach 3:0 an 3:3
- US Esch - IZEG 1:1 an 1:1
- IZEG - Kënzeg 3:3 an 1:2
- Duelem - IZEG 3:1 an 0:2

An der Coupe de Luxembourg haten déi Blo-Wäiss 4 Ronnen iwwerstaan, ier de Parcours géngt Beetebuerg op en Enn gaang ass.


Resultater an der Coupe de Luxembourg:
-
Luna Uewerkuer - IZEG 2:9
- Märel - IZEG 2:4 no Verlängerung
- IZEG - Duelem 1:0 no Verlängerung
- IZEG - Fiels 7:1
- Beetebuerg - IZEG 1:0