WAARDEN OP NORMALITÉIT


09 May 2021

Mëttlerweil sinn et 7 Méint hir, dass eis éischt Ekipp fir d'lescht an engem offizielle Match um Terrain stoung. Wéi Mëtt Oktober 2020 d'Decisioun gefall ass, dass d'Saison virleefeg nees ënnerbrach wär, huet nach Hoffnung bestaan, dass et nom Joreswiessel erëm giff weidergoen. Dëst war awer leider net de Fall, an d'Championnat gouf Ufank Mäerz definitif ofgebrach. Betraff waren déi ënnescht Divisiounen an d'Jugendkategorien.

Zënterhir bleift dene betraffenen Ekippen just d'Hoffnung op eng gewëssen Normalitéit, verbonnen matt der Reprise vun de Matcher um Terrain. De Paulo Moura, Trainer vun eiser éischter Ekipp, mecht e klenge Réckbléck op déi lescht Wochen a Méint, a kuckt an engems matt Optimismus no vir.

Wéi verbrengs du respektif deng Ekipp déi lescht Wochen a Méint ouni Kompetitioun?
 
Paulo Moura: Ganz éierlech fannen ech et net ganz korrekt, well mir hei op zwou Schinne fueren. D’Elite ka roueg weider spillen, wat een och verstoë kann (ass jo e schéine Budget, wannste europäësch spills), mee wou bleift do d'Gläichberechtegung? Mir an déi aner Veräiner mussen och liewen, a mir hunn och Sponsoren, un déi mir mussen denken. Wichteg ass et och, un all eis jonk Spiller ze denken. Ech gesinn, dass de Spaß um Fussball verluer geet, a virwat? Well kee Match ka gespillt ginn! Dofir schaffe mir op all Training.

Jonk wéi aal wëlle Matcher spillen, well trainéieren ass net e Match spillen! Wéi gesot, ech verstinn et, mee d'Etuden vu Professeren waren awer kloer fir mech: dobaussen ass d'Gefor net esou grouss. Ech hoffen, dass mir gläich erëm Matcher kënne spillen, well si brennen all drop.
 
Wéi ass allgemeng d’Ambiance am Kader, nodeem elo scho bal 7 Méint kee Match méi gespillt konnt ginn?
 
P.M.: D'Ambiance ass gudd, well eise Comité an d’Gemeng alles gemaach hunn, dass mir secher kënne weider trainéieren matt de Regelen, déi vun der Santé virgi sinn. Ech soen och Chapeau un eis Spiller, déi alles agehal hunn a strikt nom interne Protokoll gefuer sinn.
 
Ass momentan Training, oder huet jidfereen säin individuellen Programm fir sech fit ze halen?
 
P.M.: Mir trainéieren 1 Mol d’Woch, esou dass mir eis gesinn, bis Enn Mee an dann ass Paus. Mir hunn dat wichteg fond, dass de Grupp sech op mannst 1 Mol d'Woch gesäit, net dass mir eis op eemol net méi kennen :-)  Eise Fitness-Sall ass och top, an d'Spiller kënnen dovu profitéieren.
 
Wéi gesäit et am Hibléck op déi nei Saison personnell aus? Gëtt et grouss Verännerungen?
 
P.M.: Et ginn e puer Spiller fort, an dene soë mir merci fir hiren Asaatz a bonne chance fir hir sportlech Suite. Mir kréien och nei Spiller, mee virun allem si mir frou, dass 90 Prozent vun eise Spiller bleiwen a matt eis wëlle weider schaffen.
 
Wou muss d’Ekipp an dengen Aen nach onbedéngt verstäerkt ginn, fir nächst Saison d’Zieler ze erreechen?
 
P.M.: Mir wäerten eis hanne verstäerken an eventuell am offensive Beräich nach een oder den Aneren, mee mir bauen och op eis Jugendspiller op, well do hu mir Potential an eise Reihen. Dat ass jo och een Ziel vum Veräin, dass mir jonk Spiller progressif abauen. Mir mussen hinnen och eng realistesch Perspektiv ginn, a virun allem eng Chance, Erfahrung ze sammelen.
 
Wat mecht dech optimistesch, dass ab dem Summer d’Situatioun nees einegermoossen “normal” ass?
 
P.M.: Am Moment mecht mir d'Impfung Hoffnung, plus déi Schnelltester, déi um Marché méi präisgënsteg ginn an och méi disponibel sinn. Mee wéi gesot, Stand haut kann ech just hoffen, dass mir geschwënn een normalt Liewen erëm hunn. Mir musse positif bleiwen, well d'Geschicht léiert eis, dass esou Saachen kënne passéieren, an de Mënsch huet sech nach ëmmer un seng Emwelt adaptéiert.
 
Gëtt et irgendeppes, wat dir Kappzerbriechen mecht, wanns du un d’Reprise vum Trainingsbetrieb/Spillbetrieb denks?
 
P.M.: Nee, au contraire, mir brennen all drop, fir normal eise Lieblingssport kënnen ze bedreiwen.
 
Wat wënschs du dir fir déi next Méint am meeschten?
 
Dass mir all gesond bleiwen, dass manner Leit stiewen, a virun allem, dass mir déi Leit, wou mir am léifsten hunn, kënnen an den Aarm huelen an och erëm gesinn, well heinsto liewen déi net am Nopeschduerf.

Sportlech wënschen ech mir, dass mir eis an der 1.Divisioun etabléieren, a wa méi, tant mieux. An dass déi Zesummenarbecht am Veräin vun uewen no ënnen esou weider geet wéi bis elo. Nëmmen zesumme kanns du deng Objektiver erreechen.